Your browser version is outdated. We recommend that you update your browser to the latest version.
  • 25/05/2020: Zweet Liwwerung komplett ausverkaf: Déi zweet Liwwerung vun de Mangoen ass komplett ausverkaf. Leider kënne mir elo keng Bestellunge fir dëst Joer méi unhuelen. Jidderee kritt demnächst bescheet gesot, wéini de Liwwertermin ass. Villmools merci fir Äert Versteesdemech a fir Äer vill Bestellungen.

    15/05/2020: Virbestellunge fir Enn Mee sinn ab elo méiglech: Ab elo kënnen iwwer eise Formulaire Virbestellunge fir d'Liwwerung Enn Mee gemaach ginn (Mango-Zort: KENT). Well mir nach net genee wësse, wéieen Dag d'Mangoen hei ukommen, kënne mer och nach kee Liwwerdatum nennen. Mär wäerte versichen, all d'Mangoen awer nach bis den 31. Mee auszeliwweren. Méiglecherweis ass et schonn déi lescht Liwwerung fir 2020 opgrond vun der Wiedersituatioun am Burkina Faso an awer och den aktuellen Entwécklunge ronderëm de Coronavirus.

     

    11/05/2020: Flott Aktioun vun Aparti: D'Woch vum 11. Mee ass bei Aparti eng "semaine de la solidarité". Hier lecker Menuer, déi si an dëser Woch ausliwweren, sinn ënner anerem mat eise Mangoen aus dem Burkina Faso gekacht. En Deel vum Bénéfice spenden si un Dignitas an un d'Friendship NGO, déi am Bangladesch täteg ass. Mir fannen dëst ass en absolut grousse MERCI Wäert. Weider Informatiounen zu Aparti an zu der Solidaritéitswoch fannt dir op www.aparti.lu!

                                                                                         Photo: Aparti ©

 

Your Team-D

Ween de Leit am Burkina och ouni Mangos dëst Joer hëllefe wëll, dee kann dëst gäre maache mat engem Don op eise Kont bei der BCEE mam Vermierk "Don Kaya"

LU84 0019 3755 6156 4000

Mir freeën eis iwwer all Hëllef.

BARKA - MERCI