Your browser version is outdated. We recommend that you update your browser to the latest version.

Projet Wüstegras

De Projet Wüstegras gouf 2009 als eng privat Initiativ an d'Liewe geruff an 2011 vun Dignitas iwerholl. Waat als einfachen Austausch ugefaang huet, ass mëttlerweil zu enger flotter an dynamescher Initiativ erugewuess, vun där vill Kanner am Burkina Faso profitéieren. Bedeelegt um Projet sin zwou Schoulen aus den Dierfer Gah an Tangassogo an der Regioun Centre-Nord, Provënz Sanmatenga.

 

 

De Projet besteet aus e puer Volëten:

  • Partenariat scolaire
  • Noël pour tous
  • cantine et hygiène en milieu scolaire
  • jardins potager
  • infrastructure

De "partenariat scolaire" besteet säit 2009. Partnerschoul zu Lëtzebuerg ass déi Diddelenger Schoul Deich. D'Schoulpartnerschaft baséiert op engem Erfahrungsaustausch tëscht den Enseignanten an de Schüler. 2011 gouf e journal de correspondance agefouert, dee vill Informatiounen iwer di zwee Länner a Géigenden, di respektiv Schoulsystemer, Aarbescht- a Léiermethoden an Exercicer an awer och Biller, Froën a perséinlech Texter vun de Kanner enthält. Säit kuerzem leeft dat iwwer eng Internetplattform, e sougenannte Blog, deen awer nach net ganz fäerdeg ass.

D'Aktioun "Noël pour tous" leeft och säit 2009. Dobäi handelt et sech ëm eng Art Chrëschtfest, wou d'Kanner d'Schoulmaterial fir dat ganzt Joer geschénkt an eng gudd Moolzescht kréien. Donierwt fanne Spiller an Animatiounen de ganzen Dag statt. Flott ass ëmmer den Optrëtt vum Kleeschen, deen d'Schoulmaterial bréngt.

D'Initiativ "cantine et hygiène en milieu scolaire" gouf 2012 réaliséiert. Vill Kanner musse matt eidelem Bauch vill Kilometere bis an d'Schoul trëppelen. Doduerch haalen der vill op matt der Schoul oder gi krank. Dovir gouf an deenen zwou Schoulen e Kantinsbetriib opgebaut. Duerch d'Ariichte vun zwou Drénkwaasserplazen am Summer 2013 an d'Organisatioun vun Hygienecoursen an der Schoul goufen och déi sanitär Bedingunge verbessert. 

2014 koum du nach de Volet "jardins potager" dobäi. déi an deenen zwou Schoulen ageriit gin. De gréißte Problem vun der Kantine ass deen, dass d'Fraën all Dag musse weit trëppele fir d'Liewensmëttel ze besuergen, déi se da Mëttes de Kanner kachen. Daat Geméis ass oft nët méi frësch a vu schlechter Qualitéit. Außerdem ass daat Geméis oft matt Pestiziden oofgesprutzt, waat ganz schlecht ass fir d'Gesondheet. Dësst huet 2014 dozou gefouert, dass d'Cantine zu Gah laang net funktionéiert huet. Dofir goufen zwee Geméisgäerd ageriit, déi ökologesch bewirtschaft ginn a frëscht a gesond Geméis liweren. Waat iwreg bleiwt ka souguer nach verkaaf gin. Och den edukativen Zweck vun de Schoulgäert kënnt net ze kuerz.

 2015 koum de Volet "infrastructure" da nach. Ugaang ass et matt neie Schoulbänken, déi d'Schoul vu Gah kritt huet. Éischtens waren der net genug do fir all déi Kanner an der Schoul an zweetens waren déi puer Bänken déi se haaten a schlechtem Zoustand. 2016 gouf dann d'Renovatioun vun der Schoul vu Gah duerchgefouert, déi sech och a schlechtem Zoustand befonnt huet. Außerdem soll an deenen zwou Schoule Solaranlagen installéiert ginn, dass d'Kanner an d'Enseignante besser Aarbeschtskonditioune kréien. Säit 2017 plange mer un enger weiderféierender professioneller Schoul no der Primärschoul, fir d'Schüler op spezialiséiert Beruffer auszebilden.

Hei fannt Dir e klenge Video iwwer d'Schoul vu Gah

De Projet Wüstegras wier ouni eis lokal Partnerorganisatioun Association Jeunesse en Mouvement Burkina (AJM) nët méiglech. Op dësem Wee soë mer hinnen e riisegrouße MERCI vir hiert Engagement an déi onheemlesch wichteg Aarbescht déi si am Dingscht vun hierem Land verriichten. Si haalen de Projet um Liewen!!! BARKA WUSGO!!

!!! E ganz grousse MERCI geet och un d'a.s.b.l. Diddeleng Hëlleft, déi dem Projet Wüstegras 2013 e Subside vun 1.250 €, 2014 ee vun 1.000 € an 2016 ee vu 750 € accordéiert huet !!!

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

          Fotos: D'Schoulgebaier vu Gah (lénks) an Tangassogo (riets)

 

Ween de Leit am Burkina och ouni Mangos dëst Joer hëllefe wëll, dee kann dëst gäre maache mat engem Don op eise Kont bei der BCEE mam Vermierk "Don Kaya"

LU84 0019 3755 6156 4000

Mir freeën eis iwwer all Hëllef.

BARKA - MERCI