Your browser version is outdated. We recommend that you update your browser to the latest version.

Wéi mer schaffen

  • Dignitas ass eng jonk Associatioun, déi oppen ass fir nei Ideeën a Projët'en. Jiddereen ass wëllkomm bei eis mattzeschaffen. Wann een eng Idee huet fir e Projët ze maachen, dee conforme ass zu eise Statuten, da kann e sech gär bei eis mëllen a mär kucken zesumme wéi mer de Projët réaliséiere kennen. Ganz nom Motto: Feel free and live your dream...
  • D'Suë vun Dignitas komme vu private Spenden an dem Verkaaf vu Mangoën an Artisanat aus dem Burkina Faso. Dofir ass eise Budget limitéiert. Mär maachen daat ganzt nierwelaangscht a kënne nët eise ganzen Daag domatt verbrenge Suën ze sammelen. Wann allerdings een eng gudd Idee huet, wéi mer eis Caisse kennen opfëllen, da si mer och gär bereet e bëssen Energie an Zäit opzebrenge fir eng Hand matt unzepaaken. 2013 krut Dignitas en außeruerdentleche Subside vun der Associatioun Diddeleng Hëlleft, als Ënnerstëtzung vum Projet Wüstegras.
  • Jiddereen, dee bei Dignitas mattmëscht investéiert sech esouvill wéi e wëll. Mär hu vollst Versteesdemech wann een eng Kéier keng Zäit huet. Waat mer eis awer all méi Zäit huelen an eis géigeseiteg ënnerstetzen, waat mer och méi erreesche kënnen a waat d'Schaffen och méi Spaass mëscht! Also kommt bei eis laangscht a maacht einfach matt!

Ween de Leit am Burkina och ouni Mangos dëst Joer hëllefe wëll, dee kann dëst gäre maache mat engem Don op eise Kont bei der BCEE mam Vermierk "Don Kaya"

LU84 0019 3755 6156 4000

Mir freeën eis iwwer all Hëllef.

BARKA - MERCI