Your browser version is outdated. We recommend that you update your browser to the latest version.

Endlech ass et erem esouwäit: D'Mangos sinn do!

Säit 2014 heescht et all Joers am Abrëll nees: Mango-Tango!! Eis fair gehandelt an ongesprutzte Mangos aus Burkina Faso ginn zum Präis vu 35 € pro Këscht (5 Kilo - ca. 8-10 Mangos) verkaf. Den Erléis geet integral un eise Projet Wüstegras!

Déi nächst Liwwerung fir 2020 ass Enn Mee geplangt!

Mango-Zort: KENT

Dat geet am beschten iwwer de Bestellformular. Gidd w.e.g. ëmmer Äre ganze Numm un + d'Unzuel u Këschten, déi der wëllt + Liwweradress + Telefonsnummer.

OPGEPASST: Opgrond vun der enormer Quantitéit (all Joer ginn e puer Tonne Mangos verkaf) ass et leider net méi méiglech eng Bezuelung cash sur place bei Liwwerung ze maachen. Dofir gett Äer Bestellung eréicht gülteg, wann Dir d'Suen op eise Konto iwwerwisen oder per Digicash bezuelt hutt. Maacht w.e.g. trotzdem ëmmer och eng Bestellung (Formular) ier der d'Suen iwwerweist, fir dass mir Äer Donnéen hunn.

Zweet Liwwerung komplett ausverkaf. Keng Bestellunge méi méiglech

1 Këscht   =   35 €

 Nom: Dignitas a.s.b.l.

Virement: LU84 0019 3755 6156 4000 - BCEE

Digicash: 621.743.156

 

Mär hoffen dass esou vill Läit wéi méiglech bei dëser flotter Aktioun mattmaachen! E grouße MERCI am Viraus un Iech alleguer!

  • Nach eng wichteg Info: Ëm d'Récolte an den Transport bis an Europa këmmert sech den Hëllefsfond "Direkthilfe Burkina-Faso e.V.". Mam Gewënn, deen si drop maachen, bauen si Schoulen am Burkina Faso (insgesamt schon 11 Schoulen an deene leschten 15 Joër!).
  • Déi administrativ Ofwécklung bei der Arrivée an Europa iwerhëllt déi lëtzebuerger Associatioun "Help For The Planet", déi säit Joren och schonn déi Mangos hei am Land verkeeft.

Mär soën deenen zwee Veräiner an och de Baueren a Läit am Burkina Faso Barka wusgo (villmools MERCI), dass mir hei esou gutt Mangos kréien.

An elo, loosst äerch se gutt schmaachen... :-)                                                                                       

 

                                                                       Eng räif Mango beim Verzehr...hmm, lecker :-)

Ween de Leit am Burkina och ouni Mangos dëst Joer hëllefe wëll, dee kann dëst gäre maache mat engem Don op eise Kont bei der BCEE mam Vermierk "Don Kaya"

LU84 0019 3755 6156 4000

Mir freeën eis iwwer all Hëllef.

BARKA - MERCI